D’Geschicht vun der Leidelenger Musek 1893 – 2018

Am Ufank stoung eng Iddi…

… an där Iddie sinn et der 1893 e ganze Koup op der Welt doruechter ginn, déi Succès haten. Fir der nëmmen e puer ze nennen: den Dieselmotor ass gelaf, zu New York ass e Geschwindegkeetsrekord mat 181 km/h vun enger Lokomotiv opgestallt ginn, déi dräi éischt Bänn vum Karl May sengem Winnetou sinn eraus komm a musikalesch gekuckt ass de Münchener Philharmoneschen Orchester gegrënnt ginn.

Ons interesséiert awer eng aner Iddi, déi eppes an deem deemools klengen Duerf Leideleng entstoe gelooss huet. Et ass d’Grënnung vun der Leidelenger Musek, engem Veräin, deem seng 125 Joer mir feieren. Loosse mer awer e puer Joer zréck goen an der Geschicht, well d’Grënnung vun dësem Veräin war nëmme méiglech, well deen néidege Kader bestanen huet. An dësem Fall war dat ganz kloer eng Gemeng, een Duerf. Ouni Duerf gëtt et nämlech keng Duerfmusek. Wéi dunn am Joer 1856 d’Gemeng Leideleng, lassgeléist vun der Gemeng Riedgen, entstanen ass, war de Kader geschaf fir d’Entstoe vun alle méigleche lokalen Associatiounen. An dach huet et net manner wéi 37 Joer gedauert, bis d’Iddi stoung fir eng Musek ze grënnen, an dës Initiativ ass net emol direkt vun engem Stack-Leidelenger ausgaangen, mee vun engem jonke Käler, deen op Leideleng abestuet gi war, an sech hei an deem Duerf direkt wuel gefillt huet. Et war de Michel MARX-SEILER, deen d’ Initiativ ergraff hat, an de Grondstee geluecht huet vun onsem Museksveräin. Zu Leideleng sinn et zu där Zäit musekbegeeschtert Leit ginn, déi sech mat Freed dëser flotter Initiativ ugeschloss hunn. Gläichzäiteg gouf et zu Lëtzebuerg e wirtschaftlechen Opschwong duerch d’Eisenindustrie, an et war all Bierger méiglech, där Fräizäitaktivitéit nozegoen, déi him zougesot huet.

D’Awunnerzuel zu Leideleng war an de leschte Jore gewuess, verschidden aner Veräiner gegrënnt ginn, wéi d’Pompjeeën an de Gesangsveräin (nach net offiziell mat Statuten) a sou hu sech schonns en etlech Leit zesumme fonnt, wéi am Mee 1893 am deemolege Café Nicolas Biwer, genannt «a Jacquen» eng Grënnungsversammlung fir e Museksveräin aberuff ginn ass.

Grënnungsmembere waren: Pierre NEYEN, Pierre LEHNERTZ, Nic BOUSSER, Dominique GOERENS, Nic BIWER, Jean-Nicolas CONTER, Aloyse CONTER, Nic SEILER, Eduard LAHYR, Jacques MEYER, Jacques FISCHBACH, Michel BAUER, Dominique KREMER, Jacques WIWENES, Jean KIRPACH an Dominique NEY.

Bei Geleeënheet vun der Grënnungsversammlung ass dunn och deen éischte Comité gewielt ginn – President: Dominique GOERENS, Vizepresident: Nic BIWER, Sekretair a Keessjee: Pierre NEYEN. De neie Veräi war gegrënnt a krut den Numm « Fanfare de Leudelange».

Wa mir iwwert de Comité schwätzen, da solle mer direkt op dëser Plaz e puer Wuert, iwwert eis Presidenteverléieren. Si siganz kloerPersonalitéiten anengem Veräin, déi matentscheeden, wou de Veräin histeiert, wéi en sech entwéckelt a wéi et em finanziell geet. Ee gudde Versteesdemech tëscht dem President, sengem Comité an dem Dirigent ass de Schlëssel fir de Succès.

An de Bicher gesi mer, datt d’Presidenten och oft de Veraïn finanziell gutt ënnerstëtzt hunn, heiansdo souguer mat méi engem héije Betrag wéi de Subside vun der Gemeng oder der Regierung. Sécher war et net ëmmer einfach an deene schwierege Joren, wéi an den zwee Weltkricher, awer och manner schwierege Joren, well do, geet et jo gutt a firwat soll d’Musek ënnerstëtzt ginn, de Veräin ze féieren. Jiddweree vun hinnen hat sécherlech eppes, wou e sech mat Häerzblut dofir agesat huet. Beim éischte wor et sécher fir de Veräin mol richteg un d’Lafen ze kréien, an déi néideg Strukturen ze schafen. Duerno ass sech fir en eegene Proufsall staark gemaach ginn. Dat soziaalt Veräinsliewen wor ëmmer wichteg, an all Initativ sollt dozou baidroen, fir datt d’Musikgesellschaft sech och musikalesch sollt weiderentwéckelen.

Kucke mer zréck op déi lescht 25 Joer, da sollt ee bei dëser Geleeënheet ganz besonnesch déi laang Amtszäit vun 28 Joer ernimmen, wou de Victor Christophe de Veräin presidéiert huet a mat senger Equipe verschidde wichteg Uleiesse vum Veräin konnt ëmsetzen. Ee vu villen anere Schafferten an dëser Equipe war sécherlech de Fränz Fonck a senger Funktioun als Vizepresident a Sekretär.

De Gérard Louis, deen zënter 2010 als Member vum Comité aktiv ass, huet Presidentschaft 2014 iwwerholl. All gutt Iddien an Initiativen aus de virege Joren si vun him iwwerholl ginn, an zousätzlech ass sech staark gemaach gi fir eng méi dynamesch Jugendaarbecht, déi der Zäit ugepasst huet misse ginn.

Datt d’Funktioun vun engem President iwwert d’Joren sech och verännert huet, an hien net nëmme presidéiert, a representéiert, ass ganz wichteg ginn. Vill Aarbecht gesäit een net direkt vu baussen. Eng Entwécklung, déi gutt zu Leideleng geréiert gëtt an dëst zesumme mat enger Equipe am Comité, op déi de President sech verloosse kann, well all schaffe se mat vollem Asaz am Interessi vun der Leidelenger Musek.

Presidente vun 1893 bis haut :

  • 1893 Dominique Goerens
  • 1903 Nic Biwer
  • 1911 Jean-P. Sinner
  • 1918 Emil Witry
  • 1929 Jacques Clees
  • 1931 Nic Didier
  • 1944 Jean Didier
  • 1958 Nic Schosseler
  • 1966 René Jander
  • 1967 Théo Kollwelter
  • 1986 Victor Christophe
  • 2014 Gérard Louis

Fir datt eng Musek fonctionnéiert, gi mol ganz sécher Instrumenter gebraucht. An hei fänke bei deem nei gegrënnte Veräin dann direkt déi finanziell Schwieregkeeten un. Sou hunn déi jonk Museker, fir hirer Passioun nozegoen, sech spontan bereet erkläert, hir Instrumenter selwer ze bezuelen oder d’Sue virzestrecken. Deen deemolege President Dominique Goerens an de Buergermeeschter vun der Gemeng Leideleng, den Här Fischbach, hu sech awer direkt staark agesat fir déi néideg Ënnerstëtzung vum Staat.

Hei drënner sinn déi eelst Dokumenter vum Veräin ze gesinn, geschriwwen den 28 Mee 1893 kuerz no der Grënnung. Et handelt sech em e Bréif un d’Regierung fir den éischte Subside unzefroe fir d’Instrumenter ze bezuelen.

Den Avis vum Buergermeeschter ass direkt dobäi geluecht ginn, an do gesäit een, datt et fir déi Zäit schonns ëm eng beträchtlech Zomm Geld geet, nämlech 1500 Frang.

A Monsieur le Commissaire du District Luxembourg

Il existe à Leudelange un corps de musique bien organisé dont Mr Dominique Goerens est le président. Ils ont acheté pour plus de 1500 frs d’instruments. Je n’ai que me louer sur la conduite et du progrès de tous les membres.

Le Bourgmestre

Fischbach

Soubal d’Instrumenter do waren, konnt mat Prouwen ugefaange ginn. Fir d’Musikante weider oder iwwerhaapt am Nouteliesen auszebilden an hinnen d’Konscht vun der Musek bäizebréngen, ass direkt dru geduecht gi fir een Dirigent z’engagéieren. Deen ass an der Persoun vum Här Pommerelle fonnt ginn a sou ass fläisseg geschafft ginn hin op deen Dag vum éischten ëffentlechen Optrëtt vun der Fanfare, an dee schéingt schonns 1893 gewiescht ze sinn, well an de Bicher gesäit een eng «Einnahm» fir e Concert. Op der klenger Kiermes 1894 zu Leideleng war dunn d’Feierprouf fir déi jonk Gesellschaft, an déi gouf bestanen, an den Interessi am Duerf fir an d’Musek ze goen, huet net laang op sech waarde gelooss an et hu sech ëmmer méi jonk Musikanten an de folgende Joren an de Veräin gemellt. Aus de Keessebicher vun 1896 geet ervir, datt 22 aktiv Memberen hire Bäitrag vun deemools 3 Frang an 12 Ct. bezuelt hunn. 1905 waren et schonns 27 aktiv Musikanten an et ass permanent biergop gaangen. Et kann ee soen, datt praktesch aus all véiertem Haus zu Leideleng, wou et zu där Zäit ëm déi 140 Stéit gi sinn, wéinstens ee Musikant koum.

Leider ass et dann nom éischte Weltkrich, wou sech op eemol zwou verschidde politesch Richtungen «déi Rout an déi Schwaarz» zu Leideleng erëmfonnt hunn, zu engem Eclat koum, well et verschidde Veräiner duebel gi sinn. An hei war d’Musek och net dovu verschount bliwwen. Aus dem Gesangsveräin «Unioun» war eng zweet Musek entstanen an et ass dunn 1921 bei Geleeënheet vun der Prëssessioun op Härläïchendag zu Stéierunge koum. De deemolege Paschtouer, den Här August Gemen, huet du vun der Kanzel erof gepriedegt, datt et, wéi an aneren Dierfer, Brauch a Sitt wier, sech ënnert de Gesellschaften ze verstoen an net ze rivaliséieren. Mee loosse mer mol nees e bëssen an der Geschicht zréckgoen an d’Joer 1896.

Fändel 1914

E Fändel muss eng Musek hunn, an dëse Wonsch konnt 1896 schonns an Erfëllung goen. Dëst konnt nëmmen duerch Kollekten a fräiwëlleg Spende geschéien. De Fändel, a Form vun enger Raut, war aus brong-roudem Samett! A gëllene Buschtawe stoung drop geschriwwen «Fanfare de Leudelange 1896 ». A bei der Aweiung sinn d’Musikanten dann och mat schéine Kape vun der Museksgesellschaft opmarschéiert.

Am Mee 1914 gouf et dunn en neie Fändel, an d’Feier vun der Aweiung vum Fändel ass um Virowend duerch e Fakelzuch duerch d’Duerf ageleet ginn.

Am Joer 1948, nodeems de Fändel vun den Däitsche während dem Krich beschlagnahmt gi war, awer nom Krich an engem miserablen Zoustand erëmfonnt ginn ass, gouf beschloss fir en neien ze kréien. Déi festlech Aweiung vum Fändel wor an deemselwechte Joer, den 10. September.

Aweiung vum Fändel den 10. September 1948

Lo sollt et dauere bis 1968, bis bei Geleeënheet vum 75. Gebuertsdag, d’Gesellschaft en nei Fändel krut.

Am Joer 1993, bei der Feier zum Centenaire vun der Leidelenger Musek, gouf de jëtzege Fändel ageweit. An et ass beschloss ginn, deen och nach an den nächste Jore mat Stolz ze droen.

Niewent den Instrumenter an dem Fändel sinn d’Uniformen e wichtege Bestanddeel vun enger Musek. D’Kapen, déi 1896 ugeschaaft gi waren, ware jo ganz schéin …, jo do sollt et awer nach e bëssen dauere bis déi éischt Uniform do war, an dat bis 1933 ier eng Uniform geschneidert ginn ass. D’Knäpp si bei der deemoleger Renommée fir 494,30 Frang an de Stoff op der Schläifmillen bei Hamm fir 2873,50 Frang kaaft ginn. Vill Geld fir déi Zäit, awer dat Joer virdru war ganz gutt geschafft ginn an e Boni vu 6374,90 Frang an der Keess erausgesprongen.

1958 bei der Leidelenger Kiermes konnten d’Musikanten dunn nees an enger neier Uniform optrieden, an déi ass am Joer 1993 bei Geleeënheet vun der 100-Joer-Feier duerch déi häiteg Uniform ersat ginn. Eng Uniform déi haut nach ëmmer moudesch passt an dofir kritt se eng nei Opschrëft, an och nei Krawatte mat dem Logo vun eisen 125 Joer.

Finanziell ass jo ganz bescheiden ugefaange ginn, an dach gesäit een, datt dunn zu Leideleng an der Musek immens vill geschafft ginn ass, fir datt ee senger Passioun konnt nokommen. An dëst ass schonns direkt no der Grënnung ugaangen wou een sech Éirememberen zougeluecht huet, déi 1903 schonns vill Geld an d’ Keess erabruecht hunn. Eng wichteg Quell waren och d’Concerten, souwéi den Hämmelsmarsch, eng Traditioun déi zu Leideleng ëmmer héich gehale ginn ass, an dat och nach haut. ArtikelAG 1931

Et ass sech dunn iwwerluecht ginn, wat fir Weeër een nach kéint goe fir Geld an Keess ze kréien a séier ass decidéiert ginn, eng Theatersektioun an d’Liewen ze ruffen, déi fir Ouschteren, Chrëschtdag an och bei der Kiermes hir Optrëtter hat. Theater ass iwwer Joren opgeféiert ginn, am Ufank ass sech hei och mat einfache Mëttele gehollef ginn an esou ass bei Tillen um Giewel (haut Ad. Wester) eng kleng hëlze Bud opgeriicht ginn, an där d’Virstellunge konnten, wuertwiertlech, iwwert d’Bühn goen. Souwuel Kaméidi- wéi och Drama-Stécker sinn am Theater opgeféiert ginn, wat zu engem groussen Erfolleg beim Publikum bäigedroen huet. No etleche Jore konnten d’Theateropféierungen dann am eegene Musekssall oder am Café Arendt ofgehale ginn. Besonnesch Verdéngschter um Succès vum Theater huet awer sécherlech den deemolege Schoulmeeschter Jean Engler, deen ab 1946 mat dem richtege pädagogesche Geschéck als Regisseur den Akteuren dat néidegt Kënne bäibruecht huet. Regie geféiert huet en etlech Joren och de Roger Herman. An der Broschür vun 1993 kann ee verschidde Stécker fannen, déi opgeféiert gi sinn. No an no hunn dunn och aner Veräiner aus dem Duerf sech dem Theaterspillen ugeholl an et kann e soen, datt Theater e feste Bestanddeel vum kulturelle Liewe vu Leideleng gi war. Dëst war villäicht och e Grond, firwat d’Museksgesellschaft mam Theaterspillen opgehalen huet.

Un hir Theateraktivitéiten huet d’Musek sech an de Joren 1988, 1990, 2000 an 2003 nach eemol erënnert, a mat engem Mix aus Musek an Theater sinn e puer flott Evenementer organiséiert ginn ënnert dem Titel « Lëschtegen Owend ». Dës Soiréeën hunn allkéiers e grousse Succès beim Publikum kannt a wann een d’Fotoe vun deenen Owender kuckt kann ee soen, datt d’Acteure genau souvill Plëséier dobäi haten.

  Léideléng  
(a capella gesongen vunn e puer Musikanten op d’Weis vun « Lollypop »

Refrain: Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng (Plop) - Ba dum dum dum

Mir sin d’Musikanten vun – Leideléng
maache gäre Musek well daat ass ‘sou schéin,
mä haut ë bëss‘chen aanëscht wéi Dir hei gesidd,
daat ass jo nach nët dax geschidd - Mir si vun . . .

Refrain: Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng (Plop) - Mir maa-chen . . .

. . . d’Musek haut ganz ou-ni Instrument,
nëmme ganz aléng mat der Stö-höm,
Mä maacht eis dofir nëmme kee schéint Kompliment,
well ët kéint jo mol - kléngen ganz schlö-höm

Refrain: Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng (Plop) - Ba dum dum dum

Mir hof-fen daß daat Stéck Iëch – hei gefällt,
Well t’huët vill Krempes kascht an och vill Geld,
daat sëllecht Üben war mol nët ‘sou schwéier,
mä aawer no all Prouf dë Béier – gedronk zu . . .

Refrain: Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng, Leideléng, oh, Leide-, Leide-, Leide-,
Leideléng- oh Leideléng!

Pier Haas 13. März 2000

Mee loosse mer erëm zréck bei d’Thema Finanze kommen. D’Theateropféierunge ware sécherlech eng Méiglechkeet fir d’Keess ze fëllen, awer fir déi néideg Finanzen zesummenzekréien, datt de Museksveräi fonctionnéiert, hunn zousätzlech Weeër misse fonnt ginn. Dëst duerch d’Organiséiere vu verschiddene Baler iwwert d’Joer oder soss Manifestatiounen, wéi Bësch- a Wisefester. An hei huet deemools wéi haut all Musikant an och säin Ëmfeld eng Hand mat ugepaakt, fir datt dës Manifestatiounen en Erfolleg gi sinn, an de Publikum zefridde wor. Et wär net genuch Plaz hei fir se all opzezielen, dofir fannt op den nächsten Säiten Auszich aus Zeitungsartikelen a Plakater .

Iwwert d’Joren hat de Veräin awer ëmmer Leit, déi em gutt gesënnt waren. Hei denke mir besonnesch un d’ Buergermeeschtere vun der Gemeng Leideleng, déi villes op de Wee bruecht hunn, fir datt de Veräin haut sou do steet. Net ze vergiesen awer och all déi privat Leit an Entreprisen, déi iwwert Joren de Veräin finanziell ënnerstëtzen. Z’ernimme gëtt et och d’«Section de Marche, Fanfare de Leudelange», eng Sportsektioun déi 1975 aus der Leidelenger Musek eraus gegrënnt gouf. (Artikel Hommage un eisen eelste Member). Et sinn ëmmer erëm nei Iddie ginn, mat Hausbaler, Bal zu Beetebuerg beim Lou, Bal mam Fausti, asw….

Am Joer 2003 ass dunn awer iwwert eng nei Initiativ vum deemolege Buergermeeschter Rob Roemen, dee vill gemaach huet, fir d’Musek finanziell iwwer Sponsoring duerch d’Leidelenger Entreprisen z’ënnerstëtzen, de «Supporter Club vun der Leidelenger Musek» gegrënnt ginn. Méi duerzou an engem eegenen Artikel an dëser Broschür.

Haut steet d’Musek finanziell relativ gutt do, well iwwert déi sëlleche Manifestatiounen déi organiséiert ginn, déi Concerten déi gespillt ginn, iwwert d’Gemeng an ons trei Sponsoren de Joresbudget gedeckt gëtt. Dëst fir déi néideg Instrumenter fir eis jonk Musikanten ze kafen oder ze leasen an all néideg Ausgabe fir e gudde Fonctionnement vun eiser Musek ze garantéieren.

Ernimme muss een déi immens Aarbecht, déi iwwer Joren eis Keessjeeë geleescht hunn. Hier Aufgab ass et d’Suen als «Bon père de famille» ze verwalten an et sou z’erméiglechen datt de Veräin senger Haaptaktivitéit, Musek ze spillen, nogoe kann.

Déi meescht vun hinnen hunn dës Aktivitéit iwwert laang Jore gemaach a waren dem Veräin trei verbonnen. Aus der jëtzeger Equipe kann een de Keessjee, den John Engler, ervirhiewen, deen dës Aarbecht mat deem néidege Geschéck schonns säit 1984 erleedegt.

Hu mer virdrun d’Instrumenter ernimmt, déi hu misse selwer finanzéiert ginn, sou si mer elo bei engem Proufsall ukomm. Déi éischt Prouwe sinn am Café Biwer (a Jacquen) ofgehale ginn, duerno dann an der Meederchersschoul .

An den Annale vun 1896 fanne mer och ee Subside fir eng «construction d’une barraque», et ass awer net iwwerbruecht, firwat des Konstruktioun gebraucht gi war. Mee bleiwe mer elo mol bei dëser Thematik a behandelen de Wonsch no engem eegene Sall.

Prouwen an engem Café an och an enger Schoul si meeschtens mat technesche Schwieregkeete verbonnen, well jo d’Lokalitéiten och fir aner Zwecker benotzt ginn. No laange Verhandlunge mat der Gemeng ass d’Plaz niewent der Schoul zur Verfügung gestallt ginn. Huet et schonns u Sue gefeelt fir d’ Instrumenter ze finanzéieren, sou war de Bau vun engem Musekssall nach vill méi schwéier ze stemmen. Dat Geld, dat gefeelt huet, gouf vum Jacques Meyer virgestreckt an sou konnt den Entrepreneur Henri Pickard schonns 1904 den éischte Veräinssall bauen. Nujee et war e ganz einfache Proufsall, primitiv, ouni Bühn. De Buedem war aus Lehm, wou einfach Holzbänken als Sëtzplazen dropstoungen, awer et war der Musek hiert éischt richtegt Heem, wou se dann och am Joer 1904 feierlech ageplënnert ass. Eréischt vill méi spéit am Joer 1927 beschléisst de Comité eng Vergréisserung vum Musekssall an zur gläicher Zäit d’Opriichte vun enger Bühn, an dee Beschloss ass dann och direkt verwierklecht ginn. Esou konnt dann och vun elo un all Theateropféierung am eegene Sall ofgehale ginn. Duerno dauert et dann erëm zéng Joer, bis de Musekssall vergréissert gëtt, an och e Proufsall bäigebaut gëtt. An deem Proufsall war e beweegleche Buedem installéiert ginn, deen een dunn och bei Bësch – a Wisefester als Danzbuedem konnt gebrauchen.

Aus finanzielle Grënn si just Renovéierunge gemaach ginn, wann et absolut néideg war. Awer nom Krich, am Joer 1946, nodeems dat friemt Militär sech am Musekssall aquartéiert hat, huet missen eppes ënnerholl ginn. Och wann de Veräïn säin Uleies der Gemeng oft virgedroen huet, sollt et dach bis 1961 daueren, bis d’Musek en neien eegene Sall krut. Déi béid Säite waren sech eens, datt en neie Sall misst gebaut ginn, awer och hei huet et un de finanzielle Mëttele gehaangen. Wéi dunn 1957 d’Gemeng den Terrain vum ale Musekssall gebraucht huet, fir déi nei Schoul ze bauen, ass e Vergläich zustane komm, wou d’Musek en Terrain beim Wäschbur krut an e Subside vun 200.000 Frang (5000 Euro) an d’Holz, wat gebraucht ginn ass fir de Bau, koum aus der Gemeng hire Bëscher. Ënnert dem President Nicolas Schosseler hunn d’Museker du vill Aarbecht geleescht a sech selwer mat vill Asaz e flotte Proufsall opgeriicht. Dëse Sall konnt 1961 du feierlech ageweit ginn an hat Bestand, bis de Centre Culturel an der Eech stoung. Leider konnten an deem Proufsall keng Concerte gespillt ginn. Déi goufen am Café Arendt gespillt an no 1982 an der d’Sportshal.

Zënter 2010 prouft een also an engem spezifeschen, der Musek zur Verfügung gestallte Proufsall an der Eech, an d’Concerte kënnen an engem adaptéierten, flotten a grousse Sall an der Eech, dee ronn 500 Leit faasst, gespillt ginn. Ee Sall, fir deen eis schonns etlech Veräiner aus anere Gemenge beneit hunn.

Fir eng Musek ass et néideg eng gutt Hand ze hunn, déi se musikalesch féiert. Musikanten an Dirigenten hänken enk zesummen an nëmmen, wann e gutt Zesummespill an e gudde Versteesdemech tëschent deenen Zwee besteet, fonctionnéiert och dat Musikalescht am Veräin. Et kann ee soen, datt d’Dirigenten niewent de Presidenten d’Féierungspositoune vun engem Museksveräin sinn, a sou ass och direkt no der Grënnung dru geduecht ginn, en Dirigent anzestellen, fir de musikalesche Kader ze schafen an d’Musikante weider an der Konscht vum Nouteliesen auszebilden oder hinnen et souguer emol eréischt bäizebrëngen. Och wann dëst zu där Zäit schonns vill Geld kascht huet.

An der Persoun vum Här Pommerelle ass deen éischten Dirigent engagéiert ginn a sou konnt dunn direkt mat Prouwen ugefaange ginn. Och wann, wéi een an der Opzielung gesäit, d’Dirigente relativ oft gewiesselt hunn, huet dëst der musikalescher Entwécklung vum Veräin net geschuet.

Dirigente vun der Musek vun 1893 bis haut

  • 1893 M. Pommerelle
  • 1897 M. Pütz
  • 1902 M. Paulus
  • 1913 M. Wenner
  • 1918 M. Mayer
  • 1926 M. Mandres
  • 1928 M. Ackermann
  • 1929 M Pierrard
  • 1938 M. Durbach
  • 1946 René Hemmer
  • 1953 Jean Mohr
  • 1975 Josy Langers
  • 1989 Norbert Pegel
  • 1989 Norbert Valmorbida
  • 1991 Romain Geimer
  • 1999 Josy Langers
  • 2012 Jean-Marie Grimler

Wéi schonns beschriwwen, hat d’Fanfare 1893 hiren éischte Concert a bei der Kiermes 1894 den éischten offiziellen Optrëtt. Am Joer 1894 ass d’Fanfare an d’Union Grand-Duc Adolphe agetratt (zu där Zäit AVL haut UGDA) an huet sech dem Daachverband vun de Museken zu Lëtzebuerg ugeschloss. Et ass gutt weidergeschaft ginn a sou konnt se sech schonns de 14. Mee 1904 zu Woltz bei engem Festival mat net manner wéi 26 Musikante prësentéieren.

1905 huet d’Fanfare sech zu Rëmeleng un engem Concours bedeelegt an ass hei mat engem 2. Präis belount ginn. 1911 zu Ettelbréck mat engem 3. Präis. Den 2 August 1914 huet «Fanfare de Leudelange» op engem Museksfestival zu Woltz gespillt, genau deen Dag, wéi déi Däitsch zu Lëtzebuerg amarschéiert sinn an den 1. Weltkrich ugefaangen huet. Wärend dem éischte Weltkrich huet d’ Fanfare hir Aktivitéit net agestallt a sech souwuel bei de kierchlechen wéi weltleche Festivitéite betätegt an et sinn eng ganz Rei vu Concerte gespillt ginn. D’Leidelenger Musek hat souguer d’Éier, no 1918 wärend e puer Joer bei der Schlussprëssessioun vun der Oktav mat dobäi ze sinn.

D’Feierlechkeeten 1923 zum 30. Gebuertsdag vun der Fanfare, deemools ënner der Féierung vum Här Mayer, waren e grousse Succès. Dësen Anniversaire gouf moiesfréi, den 23. Juli mat Schëss a mat Klackengelauts ageleet, Éierepuerte waren opgeriicht ginn an nomëttes huet de Cortège d’Ronn duerch déi gerëschte Stroosse vu Leideleng gemaach. Et huet ee bei där Geleeënheet gesinn, wéi unerkannt a beléift d’Musek am Duerf war.

Iwwert Joren war den Aktivitéitskalenner vun der Musek gutt gefëllt a sou kann een hei ervirhiewen, datt d’Musek sech natierlech bedeelegt huet un de Festivitéite vun der grousser Onofhängegkeetsfeier am Joer 1939 (Centenaire); et ass e grousse Galaconcert gespillt ginn an et wor ee mat dobäi beim historesche Cortège fir d’Feierlechkeeten.

Awer kuerz no der Onofhängegkeetsfeier ass onst Land, 1940 am Mee, vun enger friemer Herrschaft iwwerfall ginn, an heivun ass d’ Fanfare och net verschount bliwwen. Sou ass beschloss ginn, nodeems de Fändel beschlagnaamt gi war, an nom Verbuet vun allen, net vum Okkupant geneemegten Organisatiounen, d’Aktivitéiten vun der Musek anzestellen. No der Liberatioun am September 1944 ass d’Veräinsliewen erëm opgeholl ginn, d’Instrumenter waren zwar an engem miserablen Zoustand, an de Fändel, deen zu Lëtzebuerg ëremfonnt gi war, ass 1948 duerch een neien ersat ginn.

1946 hat de René Hemmer d’Leedung vun der Musek iwwerholl, mat dem Zil, déi musikalesch Weiderentwéckelung vun der Fanfare, no de Krichsjoren ouni Aktivitéit, erëm nei opliewen ze loossen. Hie war Militärmuseker, a wa mer sou zréckkucken, hate mer zu Leideleng bis haut e ganze Koup Militärmuseker als Dirigenten. Mat hirem Kënnen hu si de Veräin musikalesch op e ganz héijen Niveau bruecht.

An de 50er Joren hunn d’Aktivitéite vum Veräin nees e richtegen Opschwong kritt. Och wann een an all de Joren no der Grënnung net nëmmen zu Leideleng selwer fir de musikaleschen Encadrement gesuergt huet, a schonns ëmmer Concerte bei Frënn an aner Lokalitéiten zu Lëtzebuerg gespillt huet, sou ass dëst lo erweidert ginn, an zousätzlech ass sech och u Museksconcourse bedeelegt ginn an dat mat Succès. 1954 ass sech bei engem UGDA-Concours een 1. Präis geholl ginn, 1961 zu Ettelbréck, 1965 zu Bissen, 1967 zu Bouneweg: ëmmer ass sech een éischte Präis geséchert ginn, wat mat enger Auszeechnung belount gouf an et konnt een sou a méi eng héich Divisioun eropklammen.

Duerch eng gutt Zesummenaarbecht mat anere Leidelenger Veräiner, wat d’Verdéngschter vun den deemolege Presidente waren, sinn eng ganz Rei nei a flott Aktivitéiten entstanen, wéi z.B. d’Cäcilie-Feier zesumme mat dem Gesangsveräin «Chorale St. Cécile» ze feieren. Et ass also richteg gutt geschafft ginn am Veräin iwwert all déi Joren. An dëst koum beim 75. Gebuertsdag vun der Musek am Joer 1968 zum Ausdrock. Mat engem flotte Programm iwwert eng ganz Woch vum 6. bis 14. Juni an enger flotter Festbroschür huet sech «Fanfare de Leudelange» iwwert Grenze vum Duerf eraus gewisen. Mat engem Concert vun der « Fanfare de Leudelange » ënnert der Leedung vum Jean Mohr hunn d’ Festivitéiten ugefaangen an iwwert eng Woch hu lëtzebuergesch Museken an de Musikverein Harmonie Osburg, fir musikalesch Héichpunkte gesuergt. Den Ofschloss vun der flotter Woch ass mat den offiziellen Evenementer agelaut ginn. Et gouf ee Cortège duerch Leideleng mat etlechen Museksgesellschaften aus Lëtzebuerg, mat de Veräiner an de politesch Verantwortleche vu Leideleng, ier feierlech den neie Fändel un d’ «Fanfare de Leudelange» iwwerreecht gouf. Duerno huet Fanfare de Niedercorn ee Galaconcert gespillt an ofgeschloss goufen d’Feierlechkeete mat engem flotte Bal. ( de genaue Programm an der Broschür 75 Joer)

Wéi no 23 Joer de Jean Mohr den Dirigentestaf un säi Schwoer de Josy Langers ofgëtt, dee virdru schonns mol bei der Fanfare ersat hat, ginn nei Weeër ageschloen, fir sech fir d’Ausbildung vun de jonke Musikanten an der Fanfare anzesetzen.

Awer och aner Initiativen hu sech entwéckelt. Sou sinn an de 70er Joren ënnert der Leedung vum Paul Reicher d’«Leidelenger Duerfbléiser» entstanen an dat souwuel aus Freed un der Musek wéi och fir d’Finanze vum Veräin ze verbesseren. D’Duerfbléiser hunn eng ganz Rei Joeren existéiert, si hu fir déi néideg Stëmmung op de Kiemesbaler gesuergt, an et si souguer eege Stécker fir si komponéeirt gi vum Josy Langers, bis déi Zäit op eemol leider op en Enn gaangen ass. D’ « Fanfare de Leudelange » huet reegelméisseg Concerten op der Place d’Armes an am Parc Merveilleux zu Beetebuerg gespillt. An iwwert d’Joren ass och bei der Iechternacher Sprangprëssessioun matgemaach ginn.

Awer d’Entwécklung huet net däerfe stoe bleiwen. D’Mëttelen, déi agesat gi sinn fir d’Jugend, hunn der Zäit missen ugepasst ginn. Déi vun der Leidelenger Gemeng 1973 ageféiert Solfègecoursen huet de Josy Langers iwwerholl a weiderentwéckelt, sou datt déi jonk Frënn vun der Musek nom éischte Joer Solfège am zweete Joer schonns mat engem Instrument konnte Bekanntschaft maachen. Dëst huet sécherlech d’Freed un der Musek gesteigert. Schüler vum Josy hu sech no den Aféierungscoursen an de Conservatoire ageschriwwen. Sou konnt iwwert dës wäertvoll Aarbecht d’Fanfare jonk an ausgebilte Musikanten an hir Reien ophuelen, wat zu enger Steigerung vum musikaleschen Niveau vun der Fanfare bäigedroen huet.

Des Aarbecht huet hir Friichte gedroen an den 80er an 90er Joren. Eng ganz Rei vu jonke Musikanten mat vill Talent hat een an der Musek, déi op sech opmierksam gemaach hu bei Concoursen am Ausland a bei deene vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Leideleng organiséierten «Auditions musicales». De musikalesche Programm ass mat de Joren ëmmer méi gewuess an d’Musek huet sech souwuel un alle weltlechen a kierchleche Fester zu Leideleng bedeelegt an nei kulturell Aktivitéiten zu Leideleng ageféiert; wéi de Moullenowend, de Concert Spirituel a spéider de Wanterconcert.

Kuckt een an den Aktivitéitsberichter aus de 70er Jore bis haut, dann ass et fantastesch ze gesinn, wou schonns iwwerall e Concert gespillt ginn ass. Ervirzehiewen ass hei sécher och de Wäimaart zu Meechtem, wou d’Fanfare schonns zënter den 80er Joren ëmmer wëllkomm ass fir e Concert ze spillen. Dertëschent war d’Musek awer och bäi Kavalkaden zu Wincheringen, Recken un der Mess an zu Esch. Wéi duerch de Golfkrich, am Joer 1991, keng Fuesend an Däitschland gefeiert ginn, huet d’Geméng Besch déisäit der Musel eng Fueskavalkade am Summer organiséiert, un där d’Leidelenger Musek deelgeholl huet. Op Ouverturen vu groussen Entreprisen, déi sech hei zu Leideleng néiergelooss hunn, ass Präsenz gewise ginn, a wa sech ee vun eise Musikante bestuet huet, war natierlech d’Musek dobai fir matzefeieren.

Vun 1989 bis 1999 waren als Dirigenten déi Hären Norbert Pegel, Norbert Valmorbida an Romain Geimer an der musikalescher Verantwortung. Ënnert dem Romain Geimer sinn dann och d’ Festlechkeete vum 100. Anniversaire vun der Fanfare 1993 iwwert d’Bühn gaangen.

D’Festivitéiten, déi sech iwwer Mee, Juni a Juli 1993 erstreckt hunn, haten e grousse Succès. Déi enorme Villfalt vum Programm, den neie Fändel an déi nei Uniformen hu mat duerzou bäigedroen. Den Héichpunkt war den 11. Juli 1993 mat der Aweiung vum neie Fändel, dem Cortège, deen a Form vun engem Stär an d’Duerf erakoum, an dem Ofschlossconcert vun der « Harmonie Municipale Luxembourg – Eich ».

Sou eng Feier bréngt ëmmer nees nei Motivatioun an e Veräin, an sou ass sech net ausgerout, mee no vir gekuckt ginn. Nei Aktivitéite sinn dobäi komm, wéi z.B. d’Bedeelegung um Ëmzuch vum Kleeschen an der Stad, d’Äppelfest, d’Playbackshows, de Fréijoersconcert an de Kiermesconcert.

1997 gett aus der «Fanfare de Leudelange» eng asbl, mam Numm «Leidelenger Musek» an dat well och aner Instrumenter ausser Blech gespillt ginn, wéi dat an enger Fanfare üüblech ass. D’Iddi vun den «Duerfbléiser» ass vum Frank Fonck rëm opgegraff ginn an sou sinn d’«Leidelenger Musikussen» 2008 entstanen. Mam Frank als Dirigent an dem Myriam Heirens als Sekretärin, suergt eng flott Equipe vu bis zu 34 Musikante, uechter d’Land bei Duerffester a soss Geleeënheete fir eng flott Atmosphär. An dëst Joer hunn si och e klenge Gebuertsdag ze feieren, hir 10 Joer.

1999 wéi de Romain Geimer den Taktstaf ofginn huet, war natierlech d’Fro, wien säi Nofolger géif ginn. Duerch e glécklechen d’Zoufall konnt de Josy Langers sech nees bei den Unhéierunge fir den neie Dirigent virstellen, an de Comité an d’Musikanten hu sech fir hien ausgeschwat an dem Josy seng zweet Mandatszäit huet ugefaangen. Hat de Josy schonns 1988 e Marsch fir d’Leidelenger Musek komponéiert, sou huet hien sech d’Freed gemaach, fir nach zwee Märsch ze komponéieren an dëst fir déi 111 Joer Leidelenger Musek (2004) a fir den 150. Gebuertsdag vun der Gemeng Leideleng (2006).

Et ass musikalesch vill geschafft ginn, dëst och duerch d’Aféieren vu Museksstagen, an d’Leidelenger Musek konnt hiren Niveau immens verbesseren an huet bei verschiddene Concoursen excellent ofgeschnidden, souguer mat engem «Prix avec distinction». Déi fréier Iddi vum «Lëschtegen Owend» ass erëm opgegraff ginn. Et si Museksstécker an Texter (Josy Langers a Pierre Haas) arrangéiert ginn a mat engem immens groussen Erfolleg huet d’Publikum der Musek Merci gesot fir d’Soiréeën an de Joren 2000 an 2003.

2012 huet de Jean-Marie Grimler, och e Militärmuseker, d’Successioun vum Josy Langers iwwerholl. De Josy kann sou op déi bis elo längsten Zäit als Dirigent hei zu Leideleng zréckkucken, nämlech zesummen an deenen zwou Mandatsperioden 27 Joer.

De Josy hat ëmmer Gedold an hat een Talent fir de Musikanten och déi méi schwiereg Passagë gutt z’erklären. Nodeems de Jean-Marie Grimler d’Leedung iwwerholl hat, konnt d’Musek sech anescht weiderentwéckelen, ass haut zäitgeméiss opgestallt an zielt an hire Reie Musikante vun all Alter. Jonk, a manner jonk Musikante sëtzen haut zesummen hannert dem Pult a ginn hirer Passioun no. De Galaconcert an de Wanterconcert sinn e feste Bestanddeel vum kulturelle Kalenner vu Leideleng ginn.

Gesellegkeet am Veräin ass et vun Ufank u ginn. No de Prouwen zesumme sinn a poteren ass net déi eenzeg Aktivitéit an deem Beräich. Am Joer 1911 ass deen éischten Ausfluch organiséiert ginn op d’Ausstellung op Bréissel. Duerno sinn et där Ausflich e sëlleche ginn, wann d’finanziell Situatioun et zougelooss huet. Mol waren se hei am Land, mol iwwert Grenzen eraus no Frankräich, Holland oder an d’Belsch. Fir der nëmmen e puer ze nennen: Stroossbuerg, Antwerpen, Den Haag, Nice, Davos, Bellaria, Spuenien (Foto), Freiburg an Ipres.

Dës Ausflich, déi zu engem gudden Zesummenhalt ënnert den aktiven an inaktive Memberen vum Veräin bäidroen, si méi wéi nëmmen Ausflich. Meeschtens huet ee bei där Geleeënheet och nach deen een oder anere Concert gespillt, mol offiziell a firwat net och mol inoffiziell owes beim Swimmingpool, a fir Stëmmung gesuergt. Keelespillen a Fëschen um Weier sinn aner Initiativen, déi regelméisseg a mat groussen Succès stattfannen.

D’Bedeelegung vun der Jugend an der Leidelenger Musek ass ëmmer grouss geschriwwe ginn. Direkt no der Grënnung gouf en Dirigent agestallt, fir sech de jonke Leit unzehuelen, déi Musek spille léieren wollten. An sou ass dat iwwer Joren ëmmer weidergaangen. D’Integratioun vu jonke Museker an de Veräin ass ëmmer gutt gelongen.

Un d’Jugend huet de fréiere Buergermeeschter Rob Roemen och geduecht, an 2008 eng wichteg Initiativ a punkto Jugendaarbecht ergraff. Ënnert «Vum UGDA-Ensemble instrumental zu de Leidelenger Crescendi“.» ass beschriwwen wat dëst bedeit huet a wéi sech dës Initiativ an de lëschte Jore weiderentwéckelt huet. Aarbechtssëtzunge mat der Leidelenger Musekskommissioun an der UGDA-Museksschoul, Kontakter mat neie jonke Musikanten an hiren Elteren, Workshopen, Info-Owender fir d’Elteren, jee an der Leidelenger Musek ass ee vun 2014 erëm méi aktiv op d’Leit zougaangen. Mat Erfolleg, well haut ass dësen Ensemble d’Sprangbriet fir an déi «grouss» Musek.

Datt d’Jugendaarbecht an der Musek sech bezuelt mécht, beweist net nëmmen den héije Niveau vun eise Jonken am Orchester. Och Talenter sinn iwwert déi lescht 25 Joer aus der Leidelenger Musek ervirgaangen. Véier Musikanten, déi an der Fanfare ugefaang hunn, de Solfège an hiert Instrument am Conservatoire geléiert hunn, an haut d’Musek zu hirem Beruff gemaach hunn sinn de Raoul Christophe, de Max Mausen, d’Nadine Kaufmann an de François Breger.

Ernimme soll een awer och déi vill Musikanten, déi iwwert Joren der Leidelenger Musek trei bliwwe sinn an dat oft schonns an zweeter oder drëtter Generatioun. An deem Zesummenhang ass opgefall, datt dräi vun eisen aktive Musikanten schonns fir drëtt bäi engem groussen Anniversaire dobäi sinn (75, 100 an 125 Joer) – ee laangen Dag. Dëst sinn den John Engler, de Fernand Heirens an de Roger Hintgen.

Musikant sinn war iwwer all déi Joren net einfach. De Spaass un der Musek huet duerzou bäigedroen, datt ee bäi de sëlleche Prouwen, Concerten, weltlechen a kulturellen Aktivitäten mat der Leidelenger Musek um Dill wor. Sinn an de Joren och schonns mol deen een oder anere Musikant aus der Musek verschwonnen, sou sinn duerch Zouwanderung an d’Duerf oder iwwer Kollegen ëmmer erëm d’Reien hannert dem Pult gefëllt ginn.

Zu enger bestëmmter Zäit war et net einfach, well d’Prouwen op samschdes geluecht goufen, an een sech huet misse fir de Sport oder fir d’Musek entscheeden. Doduerch sinn natierlech e puer Leit verluer gaangen. Haut leien d’Prouwen an der Woch an d’Fro stellt sech net méi.

Nach eng kleng Anekdot niewebäi. Ugangs de 60er Joren hu sech e puer ganz jonk Musikanten aus der Leidelenger Musek zesumme gedoen an hunn en Orchester gegrënnt. Et war schonns e richtegen Jugendorchester, wëll si waren alleguer sou jonk datt nach kee vun hinnen de Führerschäin hat. Et waren dëst de Guy Peiffer, de Lull Brandenburger, de John Engler, den Ady Kauffmann an de René Styr. De Numm vum Orchester war Meximo Club. Am Ufank ass fir d’Leidelenger Veräiner gespillt ginn an dobäi ass schonns gutt Geld verdéngt ginn, wat awer och néideg war fir d’Anlag ze bezuelen, déi och fir d’Optrëtter gebraucht ginn ass. Den éischten Optrëtt war zu Bartrëng, et war villäicht beim Café op der Bréck, zu Hamm beim Flener ass gespillt ginn, an nach iwwerall wou eng lass war. Dem Guy säi Papp an dem John seng Mamm hunn d’Jongen allkéiers op hir Optrëtter geféiert. De Spaass un der Musek huet dës flott Aventure e puer Joer um Liewe gehal.

Sécherlech kéint een nach vill iwwert d’Leidelenger Musek schreiwen. Et ass eng Success Story. Sollt hei deen een oder anere sech net erëmfonnt hunn, da sécher nëmmen, well mer net genuch Plaz hunn, fir alles hei nidder ze schreiwen. All déi Erfarung, déi an deene vergaangenen 125 Joer gesammelt konnt ginn, ass vun den aktive Memberen, vun den Dirigenten a vum Comité weidergedriwwe ginn an d’ Leidelenger Musek huet sech der Zäit ugepasst an ass haut zäitgeméiss opgestallt. Jonk an manner Jonk Museker, Fraen a Männer stinn haut fir Traditioun, Zesummenhalt, Frëndschaft a Freed un der Musek. Eng schéi Geschicht, déi schonns 125 Joer undauert an elo an déi nächst Etapp geet.

Nulla vita sine musica.
Guy Grosber

Quellen:
Broschür 75. an 100. Joer Fanfare de Leudelange
Broschür 150 . Joer Gemeng Leideleng
Veräinsarchive vun der Leidelenger Musek
Nationalen Archiv I.P. Liasse 1825,1826,1827
eluxemburgensia.lu