Crescendi

D’Leidelenger Musek huet eng nei Säit opgeschloen a senger laanger Geschicht. 2015 ass eng Grupp vu jonke Musikante bannen der Leidelenger Musek gegrënnt ginn: “Leidelenger Crescendi“.

Ziel vun dëser Jugendgrupp läit haaptsächlech doranner de Musikante vu Leideleng am jonken Alter schonn d’Méiglechkeet ze ginn, an engem Jugendensembel, Spaass am Zesummespillen ze kréien, fir esou eise Veräin kënnen ze léieren a spéiderhin d’Integratioun an de “groussen” Orchester méi einfach ze gestalten. Niewent gemeinsam Museksprouwen a Concert’en, gi flott Saachen an der Grupp ënnerholl fir dat geselleg Zesummeliewe bei de Leidelenger Crescendi ze ënnerstëtzen.

Zilgrupp vun de Leidelenger Crescendi si jugendlech Musikanten tëschent 9 an 20 Joer. Deenen allerjéngsten Instrumentalschüler bidden d’Leidelenger Crescendi eng einfach a séier Aféierung an d’Musizéieren am Ensembel, an dat no engem oder zwee Joer Praxis mat hirem Instrument am Intsrumentecours. De Schwieregkeetsgrad soll de Schüler hire Méiglechkeeten ugepasst ginn.

D’Leidelenger Crescendi hun eng eegen Direktioun a sinn encadréiert vun enger Jugendkommissioun. Se spillen an enger eegener Uniform a hun en eegestännege Programm. Déi jonk Musikanten, déi de musikaleschen Niveau hun däerfen natierlech souwuel bei de Leidelenger Crescendi, ewéi och am “groussen” Orchester matspillen.

Loscht bei eis matzespillen?

Crescendi Prouwen sinn Donneschdes vun 18:00 bis 19:00 am Musekssall an der Eech