Kalenner vun der Leidelenger Musek Abonnéieren

Hei kanns de de Kalenner vun den Aktivitéiten vun der Leidelenger Musek abonnéieren. All Aktivitéiten ginn dann vum selwen an dengem Kalenner (z.B. um Handy) ugewisen.

Hei drënner gëtt beschriwen wéis de eise Kalenner abonnéiere kanns. Dat muss de just eng Kéier manuell machen, dono gëtt däi Kalenner ëmmer automatesch aktualiséiert. Beäntwer eis just fir d’éischt d’Froen, wéi eng Aktivitéiten dech intresséieren, a wat fir ee Kalenner dats de benotz.

Wéi eng Aktivitéiten intresséieren dech?

Du kanns eng oder méi Kategorien auswielen.



Wéi ee Kalenner benotz de?




Aktivitéiten um iPhone abonnéieren

  • Géi an d’Astellungen vum iPhone
  • Klick op “Accounts und Passwörter”
  • Klick op “Account hinzufügen”
  • Klick op “Andere”
  • Klick op “Kalendarabo hinzufügen”
  • Gëff folgend URL an: a klick op “Weiter”
  • Lo kanns de nach den Numm vum Kalenner änneren, all déi aner Astellungen kanns de loossen wéi se sinn.
  • Nodeems do op “Sichern” klicks, ginn all d’Aktvitéiten vun der Leidelenger Musek an dengem Kalenner ugewisen

Aktivitéiten mam Google Kalenner abonnéieren

  • Mach däi Kalenner op (https://calendar.google.com/)
  • Lénks an der Läischt gesäis de all deng Kalenneren. Wanns de déi Läischt net gesäis muss de fir d’éischt op déi 3 Strécher uewen lénks klicken
  • Klick op de “+” fir en neie Kalenner dobäi ze setzen, an dono op “From URL” oder “A partir de l’URL” oder “Per URL”.
  • Gëff folgend URL an: a klick op OK
  • Däi Kalenner gëtt lo bäi dengen anneren Kalenneren ugewisen
  • Du kanns d’Farw vum Kalenner änneren wanns de op déi 3 Punkten niewt dem Kalenner klicks
  • Du kanns den Numm vum Kalenner änneren andeems de op déi 3 Punkten niewt dem Kalenner klicks, dann op “Settings”, “Paramètres” oder “Einstellungen”.

Aktivitéiten mam Outlook Kalenner abonnéieren

  • Klick am Outlook op “Open Calendar”, duerno op “From Internet…”.
  • Gëff folgend URL an: a klick op OK
  • Du muss nach eng Kéier konfirméieren, an deems de op “Yes” klicks.

Aktivitéiten abonnéieren

  • Gëff an dengem Kalenner un, dats de en neie Kalenner wëlls dobäi setzen oder abonnéieren
  • Wanns de d’URL vum Kalenner gefrot gëss, gëff folgend URL an:
  • Wanns de wëlls dat mer hei um Site och eng Beschreiwung fir däi Kalenner dobäi setzen, da schwätz de Misch dorop un, oder schéck einfach eng Email un admin@leidelengermusek.lu.

FAQ

Kann ech d’Aktivitéiten vun de Musikussen an enger anerer Farw uweisen loossen wéi déi vun der Musek?
Dat geet. Dofir muss de déi zwee Kalenneren eenzel abonnéieren (eng Kéier just d’Aktivitéiten vun der Musek, an eng Kéier just d’Aktivitéiten vun de Musikussen). Dann kanns de bei deenen zwee Kalenneren eenzel d’Farw änneren.

Hëllef, dat do ass mier ze komplizéiert
Du kanns gär de Misch em Hëllef froën, oder schéck einfach eng Email un admin@leidelengermusek.lu.