Musikussen

D’Leidelenger Musikussen sinn ongeféier 20 Musikanten, déi eng kleng a flexibel Formatioun nieft dem groussen Orchester bilden. Hei treffen sech Musikante fir an enger konvivialer an ongezwongener Atmosphär aus purem Spaass zesummen ze musizéieren.

D’Musikussen hunn en eegenen Dirigent a prouwen hire Repertoire en Fonctioun vun der Demande vun de Concerten. De Repertoire ass breet gefächert a geet vu klassescher Valse a Marsch bis hin zu moderne Rock- a Pophits.

Wëllt der eis buchen?

D’Musikussen spille Concerten op diverse Fester zu Leideleng an och soss iwwerall am Land a suerge fir de musikaleschen Encadrement vu sportleche Manifestatiounen (z.B. de Postlaf)

Postlaf