Geschicht

Den Ufank:

D’Initiativ zur Grënnung vun enger Musek zu Leideleng geet op eng Idee vum Här Michel Marx-Seyler zréck. Zu Leideleng gouf et eng Rei musekinteresséiert Awunner déi d’Idee vum Här Marx opgegraff hun.

1888 hat d’Grënnung vum lokalen Pompjeescorps sou munche jonke Leidelenger begeeschtert, firwat sollt dat nët och bei der Musek geléngen?

Am Mée 1893 gouf d’Leidelenger Musek am démolegen Café Nicolas Biwer, genannt “a Jacquen”, an d’Liewen geruff.

Grënnungsmemberen waren:

Michel BAUER
Nicolas BIWER
Aloys CONTER
Jean-Nicolas CONTER
Nicolas BOUSSER
Jacques FISCHBACH
Dominique GOERENS
Jean KIRPACH
Dominique KREMER
Eduard LAHYR
Pierre LEHNERTZ
Michel MARX
Jacques MEYER
Dominique NEY
Pierre NEYEN
Nicolas SEYLER
Jacques WIWENES

Direkt goufen et och schon déi éischt Schwieregkeeten:

Wéinst Geldmangel an der Veräinskees konnten de Memberen keng Muséksinstrumenter zur Verfügung gestallt gin, soudass si hier Instrumenter selwer hu missen bezuelen. Nach vill Joren méi spéit hun sech aktiv Musikanten un den Veräinsonkäschten bedeelegt.

Den éischte Comité mam Dominique Goerens als President, Nicolas Biwer als Vizepresident an Pierre Neyen als Sekrétär an Caissier war virun allem domat beschäftegt, en Dirigent anzestellen, deen der neier Museksgesellschaft déi néideg Musekskenntnisser bäibrénge sollt.

Als Dirigent gouf den Här Pomerelle agestallt, deen bei der Geleegenheet vun der klenger Kiermes am Joër 1894 deen éischten öffentlechen Optrëtt mat sénger “Fanfare” hat.

Den Veräin an der Öffentlechkeet:

Och no baussen hin wollt den Veräin aktiv gin an huet sech beim Adolfverband, dem neigegrënnten Dachverband vun den Museken hei am Land, ugemellt.

1896 huet d’Leidelenger Musek hieren éischten Fändel feierlech ageweit, bei däer Geleegenheet hunn och d’Musikanten hir éischt Uniformskapen kritt.
1904 hëllt d’Musek mat 26 aktive Memeberen un engem Museksfestival zu Woltz Deel.
1905 stellt si sech engem Concours zu Remeléng wou si déi zweet Plaatz mecht.
1911 kréien si bei engem Concours zu Ettelbréck den drëtte Präis.

Den éischten Veräinsausfluch ass 1912 op Bréissel.

Den 2. August 1914 bedeelegt d’Leidelenger Musek sech un engem Museksfestival zu Clierf, deen Dag, wou déi Däitsch a Lëtzebuerg amarschéieren an den “Éischte Weltkrich” ufänkt.

An zwee gedeelt:

Waren déi éischt Joren no der Grënnung vu grousser Begeeschterung säitens de Musikanten gezeechent, sou hun aner Problemer a Schwieregkeeten nët laang op sech waarden gelooss. Vu sozialen a politeschen Streidereien am Duerf gouf och d’Musek net verschount. Géigensätz tëschent Baueren engersäits an Handwierker an Aarbechter anerersäits hun d’Duerf an zwee Lager getrennt. Sou koum et och an der Musek zu politesche Streidereien tëschent de “Rouden” an de “Schwarzen” . Aus engem Deel vum fréieren Gesangveräin entsteet eng zweet Museksgesellschaft. Déi zwou Gesellschaften hunn op eng Art a Weis matenee rivaliséiert, dass esouguer deen deemolegen Paschtouer, Här August Gemen, déi 2 Veräiner zur Vernunft geruff huet. Op Härläichendag 1921 war et während der Prozessioun zu Stéierungen komm, an de Paschtouer huet op “Brauch und Sitte” vun aneren Dierfer higewisen wou “die Gesellschaften sich miteinander verstehen und nicht zur gleichen Zeit spielen, sondern das abwechselnd tun”.

Grouss Ausgaben fir Musekinstrumenter, Noutematerial an den Dirigent hun déi zwee Veräiner gezwongen finanziell Ennerstëtzung bei der Gemengeverwaltung unzefroën. De Gemengerot huet deemols zu Gonschten vun der “Fanfare” entscheed. Offiziel gouf “d’Fanfare” ënnerstëtzt, während der Gesangs- a Museksgesellschaft “Cäcilia” souguer eng Tombola zwecks Instrumentebeschaafung net erlaabt gouf. Sou huet d’Fanfare schnell en neien Opschwong erliewt .

Scho kuerz Zäit no der Grënnung ass eng Theatersektioun entstan, déi fir déi néideg finanziell Mëttel suergen sollt. Fir Chrëschtdag an Ouschteren, geleegentlech och fir d’Kiermes, goufen deels lëschteg, deels eescht Theaterstëcker viru groussem Publikum obgefouert.

Vum 30-jährege Jubiläum bis nom Krich:

Den 22. Juli 1923 gouf dat 30. Grënnungsjoër mat engem groussen Duerffest an engem Ëmzuch gefeiert.
Nei Uniformen kruten d’Musikanten 1933 vun de Leidelenger Schneideren Jean-Pierre Schweizer an Jean-Pierre Weis.

1939 bedeelegt sech d’Fanfare un den Onofhängegkeetsfeieren an spillt en Galaconcert. Och hëllt si um historeschen Cortège deel.

Well während dem 2ten Weltkrich de Fändel beschlaachnahmt a vill Aktivitéiten verbuede ginn, stellt d’Musek hir Tätegkeet an.

De Fändel gouf iwwregens nom Krich zu Lëtzebuerg erëmfonnt an 1948 duerch en néien ersat.

Ausflig waren ëmmer en Deel vun den Aktivitéiten vun der Leidelenger Musek, sief et op Köln (1932), Bréissel (1935), Strossbuerg (1946), Den Haag (1947), Luzern (1949), Antwerpen (1950) an esouguer bis op Nice (1953).

D’50er an 60er Joëren:

An den 50er Joëren erliewt d’Leidelenger Musek e groussen Opschwong, dëst net zulescht wéinst dem beléiwten Dirigent Jean Mohr deen nach bis 1975 virun der Musek steet. Sou kritt d’Musek 1954 op engem Concours vun der UGDA zu Beetebuerg den eischte Präis.

An den 60er Joëren steigert sech d’Leeschtung vun der Fanfare. Op Concouren 1961 zu Ettelbréck, 1965 zu Biissen oder 1967 zu Bouneweeg gewënnt si all Kéier en 1ten Präis. Domat verbonnen sin Astufungen an eng méi héich Divisioun, z.B. 1961 an d’Divisioun 3A, 1967 an 2. Divisioun. Zu Leideleng gin d’Musikanten no esou Événementer ëmmer häerzlech vun der Gemeng an den aneren Veräiner an Empfang geholl.

75ten Anniversaire bis haut:

Mat enger Festwoch vum 6ten bis den 14ten Juni 1968 ass den 75ten Gebuertsdag vun der Fanfare Leideleng gefeiert ginn. Niewt veschiddene Gaaschtconcerten vun de Museken “Fanfare Roeser-Crauthem”, “Musikverein Harmonie Osburg”, “Pompiers-Fanfare”, der “Concordia Mertert” an der “Fanfare Niederkorn” gouf den 14. Juli en neie Fändel ageweit.

An den 70er & 80er Joren gouf d’Musek ëmmer méi grouss an och d’Ausbildung vun den Musikanten ass besser ginn, nët zulescht wéinst dem neie Dirigent Jos Langers, deen 1975 den Dirigentenstaaf iwwerholl huet. Hien war och fir Solfège- an Instrumentecouren vun der Gemeng zoustänneg. Vill vun de Schüler hunn sech no den Couren zu Leideleng bei engem vun den Conservatoiren zu Esch oder Lëtzebuerg ageschriwwen wat och der Musek zeguttkomm ass.

E puer ganz sportlech Musikanten hunn 1975 eng “Section de Marche, Fanfare de Leudelange” gegrënnt, wouraus 1985 den Marcheclub “Leidelenger Trëppelfrënn” entstaanen ass.

Vun e puer bessonnesch Musekbegeeschterten gouf den Orchester “Duerfbléiser” gegrënnt, déi mat Stëmmungsmusek op sëllegen Baler opgetrueden sin.

Well d’Suën beim Veräin nët méi esou locker soutzen sinn och d’Ausflich nët méi esou regelméisseg organiséiert ginn. An Erënnerung bliwwen sin awer déi vun 1975 op Davos, 1981 op Antwerpen, 1988 an 1994 op Bellaria. 1998 & 1999 waren nach zwou Reesen a Spuenien, wou d’Musek fir den Optakt vun engem Basketballturnéier gespillt huet.

1993 feiert d’Leidelenger Musek hiert 100-jähregt Bestoën. Zu deem Ulass gëtt en neie Fändel ageweit an d’Musikanten matt enger neier Uniform versinn.

Säit 1994 ass d’Leidelenger Musek duerch en Concours zu Wasserbëlleg an der éischter Divisioun agestuft.

1997 gëtt aus der Fanfare Leideleng eng Asbl an nennt sech vun do un “Leidelenger Musek”.

Si zielt haut 52 Memberen an hiere Reihen; dovun 44 aktiv Musikanten, 10 Leit am Comité an 2 Fähnerichen.