Musek

D'Iddi vum Här Michel Marx- Seyler huet de Grondstee geluecht fir datt eng ganz Rei vu musekbegeeschterte Leidelenger eng Museksgesellschaft am Mee 1893 gegrënnt hunn. Onsen éischten offiziellen Optrëtt war am Joer 1894 bei Geleeënheet vun der klenger Kiermes. 1896 huet Musek dunn hire Fändel kritt an eng Uniformskap.

Haut si mir stolz fir op erfëllten 125 Joer zréckzekucken, déi virun allem dem Haaptzweck Musek ze maache virbehale waren, dëst bei all kulturellen Aktivitéiten zu Leideleng, op ville Plazen hei am Land a souguer iwwert Grenzen eraus. Och éischt Präisser konnt Musek bei verschidde Concourse feieren. Aus dem kulturelle Programm vu Leideleng sinn de Gala an de Wanterconcert haut net méi ewechzedenken.

Kuerz no der Grënnung ass och eng Theatersektioun entstanen déi fir Chrëschtdag an Ouschteren, geleeëntlech och fir d'Kiermes, Theaterstécker viru groussem Publikum opgefouert hunn. Des Sektioun gëtt et an der Form haut net méi, awer mir erënneren eis nach gutt un de « Lëschtegen Owend » wou d' Publikum immens begeeschtert war.

All déi Erfarung déi mir an deene vergaangenen 125 Joer gesammelt hunn ass iwwert Jore vun den aktive Memberen, vun den Dirigenten a vum Comité weidergedriwwe ginn an d' Leidelenger Musek huet sech der Zäit ugepasst an ass haut zäitgeméiss opgestallt. Jonk a manner jonk Museker, Fraen a Männer stinn haut fir Traditioun, Zesummenhalt, Frëndschaft a Freed un der Musek. Eng schéi Geschicht déi schonns 125 Joer undauert.

Loscht bei eis matzespillen?

Eis Prouf ass all Donneschdëg vun 19:30 bis 21:30